Léif Leit, déi an eise Kierchen aktiv sinn,
de Weekend vun den oppene Kierchen (1./2. Juni) ass eng gutt Geleeënheet fir eise reliéise Patrimoine an d’Fënster ze stellen. Mir géifen eis freeën, wann dir (nees) dobäi wiert. Den Thema 2019 ass: „Emotiounen“.
Flott wier et, wann dir eng Ausstellung, Féierung oder e Concert zum Thema kinnt an enger vun äre Kierchen (oder a méi Kierchen) organiséieren. Mir bewerben dann de Weekend wéi gewinnt op nationalem Plang.
Bis de 15. Februar kënnt Dir iech umelle beim
Diese E-Mail-Adresse ist gegen Spambots geschützt! JavaScript muss aktiviert werden, damit sie angezeigt werden kann.
oder um Tel. 44743-340 (ErwuesseBildung).
De 15. Mäerz ass Redaktiounsschluss fir de Flyer. Vum 18. Abrëll un kënnt dir d’Flyer an d’Affichen ofhuele kommen.
Fir Informatiounen:
Diese E-Mail-Adresse ist gegen Spambots geschützt! JavaScript muss aktiviert werden, damit sie angezeigt werden kann.
, Tel. 691-804082.